Exit-Strategie: en Zenario vun enger progressiver Ophiewung vun de Confinementsmesurë géint de COVID-19

Um Dag vum 15. Abrëll 2020, huet de Regierungsrot d'Richtlinnen am Kader vun enger Deconfinementsstrategie decidéiert, dëst am Equiliber tëschent Noutwendegkeete vun der ëffentlecher Gesondheet an de psycho-sozialen an ekonomeschen Aspekter am Zesummenhang mam aktuelle Confinement.  

Zur Erënnerung, dat groussherzoglecht Reglement vum 18. Mäerz 2020, dat eng Serie Mesuren am Kader vun der Lutte géint de COVID-19 aféiert, huet Restriktioune oder esouguer Verbueter fir verschidde kommerziell an handwierklech Aktivitéiten, dorënner och d'Fermeturë vun de Chantieren am Bausecteur, agefouert, fir d'Verbreedung vum Coronavirus ze begrenzen. Zousätzlech zu dëse gesetzleche Verbueter, goufen déi schoulesch Aktivitéiten an d'Aktivitéite vun de Recyclingzentere gestoppt.

Am Grand-Duché weist den Undeel vun den Neiinfektiounen eng Tendenz no ënnen a spigelt esou déi Wierkung erëm, déi mat de Confinementsmesurë vum 16. Mäerz 2020 ugestrieft gouf. Trotzdeem huet d'Regierung decidéiert, nëmme virsiichteg de Confinement opzehiewen.

Deemno gesäit d'Deconfinementsstragie folgendermoossen aus:

  • besonnesch déi vulnerabel Persoune schützen;
  • schrëttweis aus dem Confinement erauszekommen an dat duerch Etappen, déi wäit genuch déi eng vun där aner ausernee leien;
  • zu all Moment déi néideg Kapazitéiten an de Klinicken z'assuréieren, fir déi normal an déi intensiv Fleeg, fir esou d'Behandlung vu schwéiere Fäll an de Gesondheetsstrukturen z'assuréieren;
  • weiderhin d'Bevëlkerung hirer Responsabilitéit bewosst maachen an d'Gefor vun enger onkontrolléierter Verbreedung esou kleng wéi méiglech ze halen, andeems op all Plaz, wou Leit beienee kommen, d'Verhalensreegele fir sech net unzestiechen ("Gestes barrière") bäibehale ginn oder nach verstäerkt ginn;
  • präventiv Moossnamen op der Aarbechtsplaz ëmsetzen;
  • d'Isolatioun an déi genau Iwwerwaachung vun neien Infektiounsfäll assuréieren; 
  • d'Kapazitéite vun den Tester ausbauen a besonnesch d'Fuerschung ënnerstëtzen, virun allem wat déi serologesch Tester uginn, déi d'Immunitéit an der Populatioun miessen.

D'Aktivitéite kënnen also nëmmen an Etappen erëm opgeholl ginn an dat ëmmer mat Bléck op den Impakt. D'Decisioun fir eng Etapp anzeféiere gëtt vun der Regierung op Virschlag vum Premierminister an der Gesondheetsministesch geholl, an dat op Basis vun der Iwwerwaachung vun der allgemenger Situatioun, der Entwécklung vun der Zuel vun den Neiinfektiounen an der Bevëlkerung an d'Aschätzung vun de kuerz- a längerfristege Kapazitéite vun de Klinicken.

Et ass awer kloer, dass de Premierminister an d'Gesondheetsministesch dem Regierungsrot zu all Moment virschloe kënnen, fir erëm méi streng Confinementsmesuren anzeféieren, wann, op Basis vun der Iwwerwaachung vun der Entwécklung vun der Situatioun, d'Kapazitéiten an de Klinicken e kritesche Niveau géingen erreechen an esou eng uerdentlech Versuergung vun de Kranken net méi kéint garantéiert ginn.

A senger Sëtzung vum 15. Abrëll 2020 huet de Regierungsrot eng Ad-hoc-Grupp op d'Been gestallt, déi déi decidéiert Mesuren am Kader vum Kampf géint de Virus wäert begleeden a reegelméisseg d'Niewewierkunge vum Confinement wäert evaluéieren. De Grupp setzt sech aus folgende Persounen zesummen:

  • Nora Back - Presidentin vun der Salariéschamber (Chambre des salariés)
  • Alexa Ballmann - Presidentin vun JHL (Jonk Handwierk)
  • Luc Frieden - President vun der Handelskummer Lëtzebuerg (Chambre de commerce Luxembourg)
  • Erny Gillen - Expert an der Ethik  
  • Claudia Monti - Ombudsman (Médiateur du Grand-Duché de Luxembourg)
  • Gilbert Pregno - Psycholog a President vun der Berodungskommissioun fir Mënscherechter (Commission consultative des droits de l'homme)
  • René Schlechter - President vum Ombuds-Kommitee fir d'Rechter vum Kand (ORK)
  • Prof. Claus Vögele - Professer fir Gesondheetspsychologie op der Uni Lëtzebuerg

Et ass wichteg ze wëssen, dass de Relancement vun den Aktivitéite vu strenge Reegele begleet gëtt fir sech net unzestiechen ("Gestes barrière") an et obligatoresch ass eng Mask oder eppes Änleches unzedoe, fir d'Nues an de Mond ze bedecken, a Situatioune wou déi tëschemënschlech Distanz vun 2 Meter net kann agehale ginn.

 

Deconfinementszenario an Etappen

Etapp 1 - Relancement vun de Chantieren am Bausecteur (viraussiichtlech den 20. Abrëll 2020)

Déi éischt Etapp konzentréiert sech deemno op folgend Aktivitéiten:

  • d'Chantiere ginn erëm op; 
  • Pedagogesch Hëllefs- a Betreiungsaktivitéiten (ambulant Kanner- a Familljebetreiungsdéngschter, Offere vu spezialiséierte Kompetenzzentere fir pedagogesch Psychologie a Moossname fir d'Betreiung vu Schüler déi riskéieren d'Schoul ofzebriechen);
  • Aktivitéite vu Gäertner a Paysagisten; 
  • Geschäfter deenen hir Haaptaktivitéit d'Handwierk ("bricolage") betrëfft;
  • d'Reouverture vun de Recyclingzenteren.

Dës Lëscht gëtt de 4. Mee mat der Opnam vun de Premièresklassen, de Stagen an de prakteschen Aarbechten um Niveau vum BTS an der Uni vervollstännegt.

Etapp 2 - Relancement vum Enseignement secondaire (viraussiichtlech den 11. Mee 2020)

Etapp 3 - Relancement vun de Grondschoulen, de Crèchen an de Betreiungsstrukturen (viraussiichtlech de 25. Mee 2020)

A spéideren Etappe kënnt dann de Relancement vun den Aktivitéite vun de Geschäfter an dem Horesca-Secteur no. Et ass elo awer nach ze fréi fir eppes Genaues iwwer d'Ophiewe vun de Restriktiounen an dësem Secteur ze soen. Eng definitiv Decisioun gëtt vum Regierungsrot geholl wann de Moment do ass an d'Analys vun der Situatioun et erlaabt.

D'Firmaen, d'Betriber an d'Administratioune ginn generell encouragéiert fir wärend der ganzer Period vum Deconfinement den Teletravail ze fërderen.  

Versammlunge si bis den 31. Juli verbueden, mat Ausnaam vu Begriefnisser an zivil Hochzäiten, déi just erlaabt sinn, wann net méi wéi 20 Leit deelhuelen, an ënnert der Konditioun, dass den tëschemënschleche Mindestofstand vun 2 Meter agehale gëtt. D'Verbueter vum Artikel 2 vum geännerte groussherzogleche Reglement vum 18. Mäerz 2020, dat eng Serie Mesuren am Kader vun der Lutte géint de COVID-19 aféiert, bleiwe weiderhi bestoen.

Déi Confinementsmesuren, déi aktuell fir déi vulnerabel Persounen a Leit iwwer 65 Joer gëllen, bleiwen op d'mannst bis d'Enn vun der éischter Etapp bestoen. Déi progressiv Ophiewung vun den aktuelle Restriktioune bréngt och d'Noutwendegkeet mat sech, an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Famill, Integratioun an der Groussregioun eng Strategie z'entwéckelen, fir déi vulnerabel Persounen an de Fleegeheemer an déi Persounen iwwer 65 Joer ze schützen.  

Déi Salariéen, déi zu der Kategorie vun de vulnerabele Persoune gehéieren, kënnen hiren Dokter kontaktéiere fir festzestellen, op hir Krankheet si drun hënnert, fir schaffen ze goen. Dës Decisioun gëtt vu Fall zu Fall geholl, ënner Berücksichtegung vun de Recommandatioune vun der Gesondheetsdirektioun an dem Aarbechtsëmfeld vun der betraffener Persoun.

Communiqué vum Staatsministère

Aktualiséiert