Felicitatiounstelegramm vum Sportminister Romain Schneider un de Bob Jungels, Gewënner vu Léck-Baaschtnech-Léck 2018

Grouss Konscht, a rout-wäiss-blo: BRAVO Bob!

Léiwe Bob,

Déi eelste Vëlos-Course vun der Welt ze gewannen ass nëmmen de richtege Champione vergonnt, an elo gehéiers Du ze deenen, BRAVO BOB!

Däi formidabele Solo-Rëtt iwwer d’Côte de la Roche aux Faucons ewech bis op Ans, an der Manéier vum Andy Schleck 2009, an deng herrlech Victoire bei Léck-Baaschtnech-Léck 2018, gehéieren elo schonn zu den onvergiessleche Momenter vun der lëtzebuerger Sportgeschicht.

Deng sportlech Ziler erauszesichen ass eng vun denge grousse Qualitéiten, dës Objektiver ze realiséieren ass eng gellech Konscht déi nëmmen déi grouss Champione beherrschen!

Ganz Lëtzebuerg ass houfreg op Dech a wënscht Dir vill Chance fir d’Suite vun der Cyclissem-Saison 2018, déi besser net hätt kënnen ufänke fir déi Lëtzebuerger Faarwen.

Romain Schneider

Sportsminister

Aktualiséiert