De Ministère

De Sportsminister a säi Ministère hunn an hiren Attributiounen all d'Froen déi de Sport zu Lëtzebuerg betreffen.

De Staat ënnerstëtzt de Sport an der Ëmsetzung vun sengen Haaptobjektiver déi dosinn: d'Erhalen an d'Verbesserung vun der Gesondheet, Entfale vun der Perséinlechkeet, sozial Integratioun, Entwécklung vu gesellschaftleche Bezéiungen, sou wéi d'Erreeche vun sportleche Resultater an alle Competitiounen.

Schliisslech ënnerstëtzt de Staat d'Sportsbeweegung beim Schutz vun den ethesche Wäerter am Sport.

Aktualiséiert