Lancement vun der Online-Plattform aktivdoheem.lu

Fir d'Verbreedung vum Coronavirus COVID-19 maximal ze limitéieren, huet d'Regierung all Deplacementer a Kontakter op déi onbedéngt noutwendeg reduzéiert. An dëser Zäit wou ee soll doheem bleiwen, ass et schwéier physesch a sportlech Aktivitéiten auszeüben, déi awer bewisen zur physescher a mentaler Gesondheet vu jidderengem bäidroen.

©MSP / MENEJ

An dësem Sënn, lancéieren de Sportsministère an de Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend d'Plattform www.aktivdoheem.lu, déi vun der Nationaler Schoul fir physesch Educatioun a Sport (ENEPS - École nationale de l'éducation physique et des sports) an dem nationale Jugendservice (SNJ - Service national de la jeunesse) bedriwwe gëtt. Wéi den Numm et scho seet, soll dës Plattform dozou bäidroen verschidden Auswierkungen vun der aktueller Situatioun ofzeschwächen an d'Populatioun dozou ze beweegen och doheem aktiv ze bleiwen.

D'Übungen, déi op der Plattform ugebuede ginn, riichte sech u verschiddenen Domainer (Fitness, Koordinatioun, Danz, Yoga, Relaxatioun, asw.) aus véier verschiddene Kategorien: d'Kanner, déi vun hiren Eltere begleet ginn; déi Jonk; d'Senioren; an den Challenge vum Dag (Challenge of the day). All Dag gëtt neie Contenu op der Plattform publizéiert.

Egal ob een eleng ass, mat senge Kanner oder sengem Partner, ob ee virtuell mat Frënn oder Kolleegen iwwer déi sozial Reseaue verbonne ass, et gi vill Méiglechkeeten, aktiv an a Beweegung ze sinn, och op klengstem Raum.

 Op aktivdoheem.lu gëtt et eng Sektioun "Links" déi de Benotzer op aner Sitte weiderleet, déi medezinesch Recommandatiounen a Saache physesch a sportlech Aktivitéit enthalen, an enger Period wou ee muss doheem bleiwen, esou wéi op aner nëtzlech Säite zum Thema physesch Aktivitéit doheem.

De Site ass am Moment op Lëtzebuergesch disponibel. Eng franséisch Versioun kënnt geschwënn no.

 

Communiqué vum Sportsministère an dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend

Aktualiséiert