Discours de Lydia Mutsch dans le cadre du "Walk4Europe" organisé le, 13 mai 2017

D‘Bewegung ass e fundamentale Pilier vun der Gesondheet

©MSAN
Photo de famille: la ministre de la Santé, Lydia Mutsch, avec les députés européens (Georges Bach, Viviane Reding, Mady DELVAUX-STEHRES, Claude Turmes, Frank Engel, Charles Goerens) et le président de la Chambre, Mars Di Bartolomeo

Mir waren ganz houfreg ewéi d’Mme Delvaux un eis erugetrueden ass fir ze froen op mir géife beim Walk 4 Europe mat maachen. Och soen ech all eisen Europäeschen Deputéierte Merci fir hirt Engagement an hir Efforten dësen Event haut kënne méiglech ze  maachen.  

Am Kader vu "Gesond iessen, méi bewegen"  (mëttlerweil bekannt als GIMB) ass dëst eng gutt Geleeënheet mat an d’Boot ze sprangen a fir Europa matzetrëppelen.  Ech sinn dann och haut stellvertriedend fir meng Kollegen aus dem Sport-, Éducatiouns-, a Familljeministère hei fir iech an hirem Numm mat ze félicitéieren fir d’Organisatioun vun dësem flotten Event.

De GIMB kéint ouni den Europäeschen Kontext net op deene staarke Been stoen ewéi dat haut de Fall ass. Déi europäesch Zesummenaarbecht huet e wesentlechen Deel dozou bäi gedroen eis Strategie an eis Projeten vum GIMB ze optiméieren, virunzedreiwen an zu deem Succès ze féieren, dee mer haut kënnen.  

Lëtzebuerg ass u ville Projeten vun der Europäescher Kommissioun bedeelegt, an et steet nach allerhand op der Lëscht, wou mir nach Etleches musse schaffen: et siefen hei z.B. d‘Aarbechten genannt fir manner Zocker, Salz a Fetter besonnesch an de Färdegprodukter z’iessen,  oder och nach  eis Projeten mam Objektiv eis Bevëlkerung rëm méi fir d‘Bewegung ze motivéieren an u gudde Konditiounen ze schaffen, fir dat si dëst och kënne maachen.

Net genuch Bewegung, ma awer och eng déséquilibréiert Ernährung, kënnen zu sëllechen Zivilisatiounskrankheete féieren, déi eis Liewensqualitéit kënne massiv reduzéieren: Häerz-Kreeslaf-Krankheeten, Iwwergewiicht, Zockerkrankheet, Kriibs, Osteoporose, fir der nëmmen e puer ze nennen.

Mir wëssen all wéi wichteg et ass gesond Liewensgewunnechten unzehuelen a präventiv virzegoen fir deene Krankheeten virzegräifen an esou d’Chancen op eng gutt a laang Gesondheet sou grouss ewéi méiglech ze halen.

D‘Bewegung ass also e fundamentale Pilier vun der Gesondheet. Mir all kënne selwer vill dozou bäidroen fir gesond a fit ze bleiwen, an zwar vu Klengem u bis an den héijen Alter. Déi Gewunnechten déi mer scho fréi an eisem Liewen ugeholl hunn, bleiwen am Allgemengen fir dat ganzt Liewen: grad dofir ass et eis wichteg datt och di ganz Kleng dës "gesond" Gewunnechten mat op de Wee kréien an haut mat dobäi sinn bei dësem Trëppeltour. Ma och am Alter kann ee vill fir d‘Erhale vun der Gesondheet maachen. Dofir sinn ech frou dat mir haut jonk an al  hei gesinn fir zesumme kënnen uechtert  d‘Stad an iwwert de Kierchbierg ze goëne a verschidde besonnesch wichteg europäesch Plazen erfuerschen.

Loosst eis haut zesummen wanderen an zwar fir de gemeinsame Projet Europa weiderzedreiwen a fir déi 60 Joer vun der Europäescher Unioun ze feieren.

Ech soen iech villmools Merci a wënschen iech e ganz flotten a léierräichen Trëppeltour.

Dernière mise à jour